
Mëttwoch, 31. Oktober 2018
De Gast Gibéryen ass Chamberpresident
De Gast Gibéryen sëtzt zanter 1989 onënnerbrach an der Chamber. Als déngschteelsten Deputéierte presidéiert hien elo d’Chamber, bis déi nei Regierung steet. A senger Erëffnungsried vum 30. Oktober appelléiert hien un d’Gewësse vun de gewielte Volleksvertrieder:
„Mir mussen alles Erdenkleches maachen, fir datt kee Gruef vum Genre „déi do uewen“ a „mir hei ënnen“ entsteet. Wa mir d’Wierklechkeet um Terrain aus den Ae verléieren, dann dierfe mir eis net doriwwer wonneren, wann de Wieler der Politik verdrësslech gëtt.“
Kalenner
Vermëttele vu politeschen Inhalter op…
Video-Konferenz (De Link kënnt mat der Invitatioun fir…
alles ukucken