De Fred Keup war Invité vum Dag beim Radio 100,7

De neien zukünftegen ADR-Deputéierte Fred Keup, deen de Gast Gibéryen am Oktober ofléist, war haut den Invité vum Dag um Radio 100,7. An der Haaptsaach ass hien do gefrot gi, wéi eng politesch Akzenter hien an der Chamber setze wëll. D’Sproochesituatioun am Land a méi speziell d’Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch, grad wéi den ongebremste Wuesstem bleiwe fir de Fred Keup prioritär Themen. De Geographiesprofesser, dee 17 Joer laang Schoul gehalen huet, wëll awer och an der Educatioun nei Akzenter setzen. Deemno misst virun allem eng weider Zerspläiterung vun eisem Schoulsystem verhënnert ginn, dat wär geféierlech well et doduercher och ëmmer méi staark zu enger Zersplitterung vun der Gesellschaft kënnt. Allgemeng ass de Fred Keup frou fir an der ADR aktiv kënne Politik ze maachen a net just Aktivismus ze bedreiwen. Datt een an der ADR, am Géigesaz zu anere Parteien,  nach vun enger richteger Meenungsfräiheet profitéiert, esou laang wéi een net géint d’Parteilinn geet, weess de Fred Keup ze schätzen. Bei der Migratiounspolitik vun der Regierung muss et, zum Beispill, och erlaabt si fir ëffentlech Kritik kënnen ze äusseren. Da schwätzt sech den zukünftegen Deputéierten nach kategoresch géint eng Ierfschafts-Steier an direkter Linn aus, esou wéi se den CSV-President Frank Engel ganz populistesch an d’Gespréich bruecht huet. Dat geet, dem Fred Keup no, ze wäit, deen och ënnerstrach huet datt sech d’ADR allgemeng géint Steiererhéijungen ausschwätzt.

 

Deel dëse Post: