De Fred Keup setzt eng Land-Journalistin op d’Plaz

Vill Spekulatiounen sinn iwwert de Fred Keup ze héieren an ze liesen, deen am Oktober Deputéierte gëtt a fir de Gast Gibéryen an d’Chamber noréckelt. Ze bont huet d’Nach-Chefredaktesch vum Land et gedriwen, wou si en net recherchéierte  spekulativen Artikel voller Feler publizéiert huet iwwert den zukünftegen Deputéierten, säin Auto a seng musikalesch Goûten. De Fred Keup huet eng Géigenduerstellung zougestan kritt. Hien hat also d’Recht, sech a seng Saach an d’richteg Luucht ze setzen, a mécht dat elegant an ouni gehässeg ze ginn. Eleng dovun kéint sech d’Landjournalistin vläicht eng Scheifchen ofschneiden.

Deel dëse Post: