Säit der grousser Renovatioun vun der Start- a Landebunn um Findel aus de Joren 2021/22, weist dës ëmmer méi dacks kuerzfristeg Schied op, déi och schonn Ënnerbriechunge vum Fluchverkéier néideg gemaach hunn. D’Bedreiwergesellschaft Lux-Airport mécht hiert Bescht, andeems eng Rei zousätzlech Inspektiounen duerchgefouert ginn, ma domat kann si awer just op d’Follgen, net op d’Ursaach vum Problem reagéieren. D’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes evitéiert als politesche Schiermhär kloer Aussoen zur Responsabilitéit, mee léisst awer duerchblécken, datt d’Probleemer scho wärend den Aarbechte bekannt waren. Firwat gouf dann net éischter reagéiert? De Jeff Engelen leet de Fanger op en Neits an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An der gemeinsamer Äntwert op déi parlamentaresch Froen Nummer 2520, 2547 an 2552 iwwert d’Probleemer vun der Start- a Landebunn déi duerch d’Renovatiounsaarbechten um Findel entstane sinn, huet d’Madamm Minister ënner anerem dat hei geschriwwen: “Les analyses techniques réalisées par les experts externes sont essentiellement terminées. Les derniers tests en laboratoire restent en attente mais ne devraient en principe pas contredire les résultats actuels. Les défauts constatés présentent des degrés de gravité divers, mais ils sont dus à des causes communes survenues pendant les travaux de rénovation”. Weider schreift d’Madamm Minister dann och, datt déi Probleemer konkret op Renovatiounsarbechten zeréckzeféiere sinn, déi wärend de Joren 2021 an 2022 ausgefouert goufen: “Les défauts constatés concernent les travaux effectués durant ces années 2021 et 2022”. Am Bezuch op d’Fro ob deementspriechend och schlecht ausgeféiert Aarbechten d’Schied kënne verursaacht hunn, huet d’Madamm Minister dunn dat hei geschriwwen: “Dat ass eng Fro, déi am Bedarfsfall vun Drëtten ze klären ass”.
Iwwert d’Methodik vun den Aarbechte konnt een an der Ausgab vum Lëtzebuerger Land vum 16. Juli 2021 dat hei liesen: “Am Findel sei der weltgrößte 3D-Drucker im Einsatz: Das Querprofil der Piste müsse geformt sein wie ein Dach, damit Regenwasser seitlich abfließen kann. Dazu werden nach und nach verschieden dicke Asphaltschichten aufgetragen. Die 3D-Asphaltierung sei der anspruchsvollste Teil der Renovierung”. An engem Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 2. September dëst Joer, deen sech op meng parlamentaresch Fro Nummer 2714 bezitt ass dann als Zousazinformatioun dat hei ze liesen: “Risse im Asphalt und mangelhafte Wasserableitung. Ursache ist laut Mobilitätsministerin Yuriko Backes eine sich auflösende Asphaltschicht unterhalb der Oberfläche – ein Problem, das bereits während der Sanierung entstanden ist”.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister nach gär dës Froe stellen:
- Goufen déi vun der Madamm Minister an der Äntwert vum 29. Juli genannten extern technesch Analyse souwéi déi entspriechend Ënnersichungen am Labo, déi deemools nach ausstoungen, mëttlerweil ofgeschloss? Falls jo, wat sinn d’Resultater? A wéi engem Delai wäert d’Madamm Minister der Chamber de vollstännegen Dossier zoukomme loossen?
- Kann d’Madamm Minister mëttlerweil matdeelen, ob iwwert déi zousätzlech Inspektiounen eraus weider operationell Aschränkungen um Findel musse virgeholl ginn? Falls jo, wéi eng?
- D’Madamm Minister huet selwer scho geschriwwen, datt et sech ëm “degrés de gravité divers” mat “causes communes survenues pendant les travaux de rénovation” handelt. Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi déi eenzel Schied, hire Grad souwéi déi entspriechend Ursaache vollstänneg dokumentéiert?
- D’Madamm Minister gëtt am Lëtzebuerger Wort mat de Wierder zitéiert, datt et sech bei enger vun den Ursaachen ëm e mangelhafte Waasseroffloss handelt, dee Probleem awer scho wärend den Aarbechte bekannt war. Och am Artikel am Lëtzebuerger Land gouf schonn am Virfeld drop higewisen, datt an deem Beräich besonnesch minutiéis geschafft misst ginn. Firwat gouf wärend den Aarbechten net méi konsequent reagéiert, wéi sech hei déi éischt Probleemer gewisen hunn? Kann d’Madamm Minister, falls an den Äntwerten op d’Froe virdrun nach net enthalen, preziséieren, wéi eng Schied konkret op de Waasserantrëtt zeréckzeféiere sinn?
- D’Madamm Minister huet ausgefouert, datt eng onofhängeg Drëttpartei misst klären, op d’Schied op eng mangelhaft Ausféierung vun den Aarbechten zeréckzeféiere wieren. Mëttlerweil deite sämtlech Indizie genee doropshin. Gouf deementspriechend eng Drëttpartei mat dëser Fro chargéiert, mam Zil, Kloerheet fir all Bedeelegten ze schafen a Lux-Airport, falls néideg, e belaaschtbaren Dossier fir eng Plainte um Geriicht bereetzestellen? Falls jo, wéi eng? Falls net, firwat net?