De Findel … eng oppen Dir fir de Schengen-Raum?

Lëtzebuerg huet vum Europäesche Rot en Ultimatum gesat kritt. D’Sécherheet um Findel muss bannent zwee Méint verbessert ginn. De Fluchhafen ass déi eenzeg EU-Baussegrenz vu Lëtzebuerg, an déi aktuell Situatioun mécht illegal Immigratioun ze einfach. Net nëmme fir op Lëtzebuerg, mee eben fir duerno sech am ganze Schengen-Raum kënnen ze bewegen. Iwwer 30 Sécherheetsvirschléi huet Lëtzebuerg gemaach kritt, an de Fernand Kartheiser freet no, wéi vill der an der gesater Frist ëmgesat ginn.

Fro

Den Europäesche Rot huet Lëtzebuerg a punkto Findel iwwer 30 Rotschléi mat op de Wee ginn, wat d’Sécherheet um Fluchhafen ugeet ( Virgule vum 5. Dezember 2022). Tatsächlech wär de Fluchhafen e schwaacht Glidd an der Schengen-Welt. Virgehäit gëtt Lëtzebuerg e Manktem u Sécherheetsbeamten a bei hinnen u Qualifikatioun fir falsch Reesdokumenter ze erkennen. Och gëtt et kee Koordinatiounszentrum fir mat aneren Autoritéiten zesummenzeschaffen. Lëtzebuerg misst och Pläng ausschaffe fir eng eventuell nei illegal Migratiounswell. Weider gëtt bemängelt, datt d’Douaniere keen Zougang zu zentrale Datebanken hunn.

Dowéinst wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Akzeptéiert d’Regierung dës Kritik un der Sécherheet um Findel?
  2. Ass et richteg datt Lëtzebuerg e relativ kuerzen Delai gesat kritt huet fir dës Virschléi ëmzesetzen? Bis wéini?
  3. Wéi wäit ass Lëtzebuerg bis elo bei der Ëmsetzung vun dëse Punkten? Wéi eng Moossnahmen sinn am Eenzelnen fir wéi eng Verwaltung néideg?
  4. Wéi laang ass scho gewosst, datt d’Sécherheetsmoossnamen um Findel am Schengen-Raum kritesch gesi ginn?
  5. Wat fir Auswierkungen huet dat fir Passagéier, déi vum Findel aus wëlle fléien? Gëtt d’Prozedur méi laang oder méi onkamoud?

Den Zougang zu Datebanken an den internationalen Austausch vun Donnéeën schéngen an den An vum Europäesche Rot eng grouss Roll ze spillen. Ass d’Regierung gewëllt, der Police méi Autonomie bei hirem Zesummespill mat aneren polizeilechen Autoritéiten am Ausland ze ginn, ouni datt en Accord vum Parquet muss virdrun ageholl ginn?

Äntwert

Gemeinsam Äntwert vum Här Henri KOX, Minister fir bannenzeg Sécherheet an der Madamm Sam TANSON, Justizministesch op d’parlamentaresch Fro n° 7440 vum 4. Januar 2023 vum honorabelen Députéierten Fernand Kartheiser

 

Ad 1. bis 5.

Déi sougenannte Schengen Evaluatioune gi regelméisseg als « peer-evaluation » an all de Länner vum Schenge-Raum gemaach. D’Ziel vun dësen ass fir e.a. d’Kontrolle vun de Baussengrenzen nach weider ze verbesseren an ze harmoniséieren.

Dëst ass et och schonn an der Vergaangenheet fir Lëtzebuerg ginn an déi rezent Recommandatioune sinn amgaang an en nationale plan d’action anzefléissen wou op déi eenzel Punkten agaange gëtt fir de System weider ze verbesseren. Et kann een hei och präziséieren dass verschidde Punkte entretemps adresséiert sinn. D’Delaien fir d‘Ëmsetzung vun den Recommandatioune hänke vu villen Elementer of déi zesummen mat der EU Commissioun adresséiert ginn.

D’Ëmsetze vum Plan d’Action wäert keng negativ Konsequenzen fir d’Passagéier hunn. Wann d’Mesuren am Beräich vun der Personalverstärkung vun der Flughafepolice bis konkret ëmgesat ginn, wäerten d’Passagéier och vu méi schnellen Ofleef bei Kontrollen um Flughafe profitéieren. Dës Personalverstäerkung vun der Flughafepolice wäert duerch de verstäerkte Rekrutement vun der Police ënnerstëtzt ginn.

Ad 6.

Den internationalen Austausch vu polizeilechen Informatiounen ass ganz allgemeng e wichtegen Aspekt vun der Justiz – a Sécherheetspolitik a gëtt dofir och ëmmer erëm, besonnesch an den EU- Rechtsinstrumenter, un d’Erausfuerderunge vun enger effikasser Kriminalitéitsbekämpfung ugepasst. An deem Kontext hat d’europäesch Unioun e ganz wichtegt Instrument adoptéiert mat der Kader-Decisioun vum 18. Dezember 2006 iwwer d’Vereinfachung vum Austausch vu polizeilechen Informatiounen („décision-cadre 2006/960/JAI du 18 décembre 2006 relative à la simplification de l’échange d’informations et de renseignements entre les services répressifs des Etats membres de l’Union européenne »). Zu Lëtzebuerg, wéi an deenen aneren EU-Memberstaaten och, ass déi Kader-Decisioun d’Haaptinstrument vum allgemenge polizeilechen Informatiounsaustausch ginn, deen zu Lëtzebuerg haut gereegelt ass duerch e Gesetz vum 22. Februar 2018 („loi du 22 février 2018 relative à l’échange de données à caractère personnel et d’informations en matière policière »).

2021 huet d’EU-Commissioun eng nei Direktiv proposéiert déi d’Kader-Decisioun vun 2006 soll ersetzen, an am Dezember 2022 ass no den Triloguë mam EU-Parlement e finale Kompromësstext zréckbehale ginn, deen elo nach formal vun den EU-Instanze muss adoptéiert ginn. Opgrond vun där neier Direktiv gëtt dann dat uewegenannte lëtzebuergescht Gesetz vum 22. Februar 2018 op de Leescht geholl fir ze kucken, ob a wéi dat Gesetz eventuell muss un déi nei Direktiv ugepasst ginn.

Et sief nach ernimmt, dass et bei dësem Thema ëmmer gëlt e rechtsstaatlechen Equiliber ze fannen zwëschen engem effikasse polizeilechen Informatiounsaustausch op där enger Säit, an engem zolitte Schutz vun de perséinlechen Donnéeën op där aner Säit. An deem Sënn muss d’Ëmsetzung vun där neier Direktiv och d’Prinzippie respektéiere vum lëtzebuergesche Gesetz vum 1. August 2018 iwwer de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën am Strofrecht an an der nationaler Sécherheet (« loi du 1er août 2018 relative à la protection des personnes physiques à l’égard du traitement des données à caractère personnel en matière pénale ainsi qu’en matière de sécurité nationale »), mat deem Lëtzebuerg d’EU- Direktiv 2016/680 vum 27. Abrëll 2016 iwwer de Schutz vun de perséinlechen Donnéeën an der Strofverfolgung ëmgesat huet.

Deel dëse Post: