De Fernand Kartheiser war Moies-Invité op RTL

De Fernand Kartheiser huet, am RTL-Interview, däitlech gemaach firwat d’ADR all Kéier géint d’Covid-Gesetz stëmmt an d’Restriktiounen net matdréit. Dat virun allem well et sech em staatlech Agrëff an d’Privatliewen handelt déi ze wäit ginn, wéi zum Beispill datt een elo bei sech doheem nëmmen nach 2 Leit, aus dem nämmlechte Stot, empfänken däerf. Och fir d’Ausgangsspär ginn et gëtt keng zwéngend Ursaachen! Déi flächendeckend ekonomesch Agrëffer ginn eis eng deier, datt elo ënnertaanerem d’HORESCA-Betriber nees zou solle maache geet ze wäit! Wéinst dem gesamtekonomeschen Impakt an der Adventszäit plaidéiert d’ADR dofir fir alles opzeloossen an datt d’Eegeverantwortung vun der Gesellschaft spillt! Wat d’Covid-Vaccinen uginn, esou ass d’ADR géint eng Impfflicht! Well déi Vaccinë ganz séier entwéckelt gi sinn, misst d’Regierung d’Garantie ginn, datt de Produit genuch geadr gouf an et net zu disproportionéierten Niewewierkunge kënnt! 

Dem Fernand Kartheiser säin Interview a Bild an Toun.       

Deel dëse Post: