Déi jonk gréng mussen eleng an den Theater!

Et koumen immens Kritiken aus gewëssene Kreesser, wéi de Fernand Kartheiser eng parlamentaresch Fro un den Educatiounsminister gestallt huet. Dës Fro huet sech op d’Theaterstéck “Ein Känguru wie Du” bezunn, dat sech haaptsächlech ëm d’Homosexualitéit dréint, a wat Grondschoulkanner musse kucke goen. Den Educatiounsminister Meisch, dee sech hei als Moralapostel opgespillt, huet bleift dem Deputéierten an alle besuergten Elteren am Land awer bis haut nach eng Äntwert schëlleg.

Fir déi jonk gréng schéngt dëse Sujet an d’Bedenke vun de besuergten Eltere wuel och net esou wichteg ze sinn. Si hunn de Fernand Kartheiser an engem Bréif agelueden, dat besoten Theaterstéck mat hinne kucken ze goen. Allerdéngs krute si eng Ofso vum Deputéierten, deen hinnen awer entgéintkoum a sech enger Ausernanersetzung mat hinne bereetgestallt huet, sollten déi jonk gréng dëst wënschen.

 

Deel dëse Post: