De Chamber-Site am Internet op Lëtzebuergesch w.e.g.!

Den Internet-Optrëtt vun der Chamber gëtt nei gemaach. An dee Site ass elo vu vir bis hannen op Franséisch. D’ADR profitéiert vun der Opfuerderung vun der Chamber, um neie Site matzeschaffen, fir en einfache Virschlag ze maachen. Fir wat net de Site op Lëtzebuergesch maachen, mat enger franséischer an eventuell enger däitscher Versioun? An deem Sënn ass e Bréif, deen de Gast Gibéryen am Numm vun der Partei un de Chamber-President Mars di Bartolomeo geschriwwen huet.

Deel dëse Post: