De blanne Wuesstem geet op Käschte vun eiser Liewensqualitéit

Den 30. November gouf an der Chamber, ewéi all Joer, iwwert déi grouss Infrastrukturprojeten zu Lëtzebuerg ofgestëmmt – ee Projet, deen d’ADR och ëmmer matdréit. Et muss een allerdéngs soen: D’ADR huet keen anere Choix, ewéi dës Projeten matzestëmmen. Lëtzebuerg ass zënter Jore mat engem demographesche Rekordwuesstem konfrontéiert. Et muss ee bedenken, datt zu Lëtzebuerg all Joer eng Zuel vun Awunner bäikënnt, déi zwee mol der gesamter Gemeng Dikrech entsprécht. D’Resultat sinn explodéierend Logementspräisser, Verkéierschaos an eng Schéier tëscht aarm a räich, déi ëmmer méi ausernee geet. D’ADR mécht schonn zanter Joren drop opmierksam, datt Lëtzebuerg sech endlech eeschthaft mat der Wuesstemsfro beschäftege muss. D’Regierung refuséiert awer, iwwert déi vill negativ Konsequenzen ze schwätzen a promouvéiert de Rekordwuesstem weiderhin als eenzeg Patentléisung.

De Jean-Claude Juncker huet an den 80er Joren eng Ausso gemaach, déi all Joer méi un Aktualitéit gewënnt. Hie sot schonn deemools, datt de stramme Wuesstem net genuch Recetten an d’Staatskeess bréngt, fir iwwerhaapt nach d’Nofolgekäschte vum Wuesstem ze finanzéieren. All Infrastrukturen, déi de Mënsch a sengem Liewe brauch, ugefaange bei der Maternité an opgehale bei der Morgue, musse matwuessen.  Mir sinn also gezwongen ëmmer méi séier an ëmmer méi ze investéieren, ouni datt d’Friichte vum Wuesstem dës Investitiounen zefriddestellend ausgläiche kënnen. 

Wat an dësem Regierungsprojet allerdéngs och opfält, ass, wéi wéineg an de ländleche Raum investéiert gëtt. D’Regierung hëlt d’Dezentraliséierung nach ëmmer net eescht a vill Servicer, déi ganz oder zum groussen Deel dem Staat gehéieren, goufen an de leschte Joren ofgebaut an zentraliséiert – en Ëmstand, op deen d’ADR reegelméisseg opmierksam mécht. D’ADR wäert, wat d’Wuesstemsdebatt ugeet, weiderhin onbequem bleiwen a setzt sech dofir an, datt d’Politik sech mat de Bierger zesummesetzt, fir elo scho Léisungen ze fannen, ier et ze spéit ass an eist Land sech an engem Hamsterrad beweegt, wat eis zu ëmmer méi Wuesstem zwéngt.

Deel dëse Post: