D‘CSV setzt sech fir den ADR-Programm an: eis häerzlech Felicitatiounen!

D’ADR felicitéiert den neie Familljeminister an den neien CSV-Fraktiounschef net nëmme fir hir nei Posten, mä och –  a virun allem –  fir de Fläiss, mat deem si sech am Beräich vun der Familljepolitik fir Moossnamen asetzen, déi dem ADR-Walprogramm entspriechen. D’ADR setzt sech net eréischt zënter gëschter, mä zënter Joren dofir an, datt déi verschidde Familljenzoulagen zesummegeféiert an der Steier ënnerworf ginn. Datt eng vun de Coalitiounsparteien endlech erkennt, datt d’ADR vun Ufank u mat hirer Fuerderung Recht hat, ass ëmsou méi ze begréissen, datt dës Propos ëmmer als technesch net duerchféierbar duergestallt gouf.

Zënter Jore plädéiert d’ADR fir méi sozial Selektivitéit am Beräich vun der Familljepolitik a ganz konkret fir d’Aféiere vun engem Betreiungsgeld. Déi ënnerschiddlech Familljenzoulagen (Kannergeld, Chèques-service, asw) géife zesummegeféiert an dann der Steier ënnerworf ginn. Dat Betreiungsgeld géif esou berechent ginn, datt domadder déi finanziell Bedeelegung vun den Elteren an enger Betreiungsstruktur (Maison relais, Crèche, mä och Dagesmamm, asw.) garantéiert wier. Et kéint awer och benotzt ginn, fir et engem Elterendeel z’erlabe sech Vollzäit ëm d’Kanner ze këmmeren.

Souwuel den neie Familljeminister wéi och den neien CSV-Fraktiounschef hunn deslescht eng ganz ähnlech Propos formuléiert. D’ADR ass selbstverständlech frou doriwwer, datt eng vun hire wichtegste Fuerderunge mëttlerweil och bei enger vun de Coalitiounsparteien Uklang fënnt, a fillt sech an hire Prioritéite bestätegt.

Trotzdem hëlt d’ADR déi nei familljepolitesch Orientéierung vun der C-Partei mat Staunen zur Kenntnis. Engersäits hu Regierungsmemberen ëmmer nees betount, datt en Zesummeféieren an eng Besteierung vun de Familljenzoulagen technesch net duerchféierbar wier. Mam neien zoustännege Minister schéngt sech dëse Problem, un deen d’ADR wéinst dem groussen administrativen Opwand am Kader vun de Chèques-service net wierklech konnt gleewen, a Loft opgeléist ze hunn. Anersäits huet sech d’Familljepolitik vun der C-Partei bis elo ëmmer doduercher gekennzeechent, datt d’Elteren, déi sech doheem ëm hir Kanner këmmeren, ni berücksichtegt a zum Deel souguer bestrooft goufen.

Elo, wou souguer de Familljeminister endlech erkannt huet, datt d’ADR vun Ufank u Recht hat, misst dem Ëmsetze vun den néidege Moossnamen näischt méi um Wee stoen.

D’ADR wäert jiddefalls dofir suergen, datt d’Elteren net vergiessen, wien sech zënter Joren, an net eréischt zënter gëschter, fir hir Interessien asetzt!

Deel dëse Post: