Attraktiv Duerfbibliothéiken

Fir d’Attraktivitéit vun eisen Duerf- a Stadbibliothéiken ze erhéijen, sinn an deene leschte Jore vill Propositioune vum Beruffsverband vun de Bibliothekäre formuléiert ginn. Sou gouf zum Beispill proposéiert, Aufgabe vun der Kommunalverwaltung ze integréieren, fir datt Clienten am Aganksberäich vun de Bibliothéike beispillsweis Verwaltungsgäng vollzéien, Atadratiounen ofhuelen, Concertskaarte kafen, digital Déngschtleeschtungen an Usproch huelen oder Fundsaache kënnen ofginn. Den Transformatiounsprozess vun der renger „Bicherbibliothéik“ zur moderner Déngschtleeschtungsbibliothéik schéngt hei am Land awer nach „Zukunftsmusek“ ze sinn, obschonn doduerch Käschte kéinten agespuert ginn. Wéi gesäit dat d’Regierung?

Deel dëse Post: