Dat neit Scheedungsgesetz: eng Quell vun Diskriminatioun?

De 14. Juni 2018 gouf d’Reform vum Scheedungsgesetz ugeholl. Dat neit Scheedungsgesetz vum 27. Juni 2018 gëtt vun der Regierung als eent vun de modernsten an Europa bezeechent. Mat dësem Gesetz kruten d’Kanner d’Méiglechkeet, sech un de Familljeriichter ze adresséieren, fir eng Ännerung vum Suergerecht unzefroen, woubäi dëse Kanner ee Kanneraffekot zougewise ka ginn, fir hir Interesse vis-à-vis vun den Elteren ze vertrieden. Och goufen nei Reegele fixéiert, fir d’Alimenter auszerechnen.

Zu de Krittären, déi de Riichter notze kann, fir d’Alimenter auszerechnen, gehéieren ënner aneren d’Alter, d’Gesondheet an déi professionell Situatioun vum betraffenen Elterendeel. Firwat gëtt et hei keng fix Reegelen, beispillsweis am Sënn vun: een Elterendeel, deen tëscht X an Y verdéngt, bezilt Z Alimenter? Géifen esou objektiv Reegelen net all Form vun Diskriminatioun géint ee bestëmmten Elterendeel vu virera verhënneren?

Deel dëse Post: