D’ARBED’s Gebai ass e Stéck Lëtzebuerg !

D’ADR bedauert, datt de fréiere Sëtz vun der ARBED sollt de Medie no un eng auslännesch Bank verkaf ginn. D’Gebai, vun deem aus Joerzéngte laang d’lëtzebuerger Stolindustrie gefouert gouf, vun deem aus d’Wuel vun zéngdausenden Aarbechter a Beamte bestëmmt gouf, an zum Räichtum vun Land bäigedroe gouf, gehéiert onweigerlech zu onsem nationalem Patrimoine. D’ADR rifft d’Regierung op, den aktuelle Proprietär u seng Verantwortung ze erënneren, an a Verhandlungen dofir ze suergen, datt de Siège zu ganz gënschtege Bedingungen an de Besëtz vum Staat kann iwwergoen.

Vum ARBED’s Gebai an der neier Avenue aus ass ons Stolindustrie geleet ginn, ass de Numm Lëtzebuerg an d’ganz Welt gedroe ginn, si wesentlech Entscheedunge fir d’Minettsgéigend gefall an och do ass de lëtzebuerger Sozialmodell mat opgebaut ginn. Et muss een och drun erënneren, datt an däischteren Zäite dëst Gebai de Sëtz vun der „Zivilverwaltung“ war. De Siège vun der fréiere ARBED ass e Stéck Lëtzebuerg!

D’Regierung muss den aktuelle Proprietär vum Gebai, d’Gesellschaft an den Här Mittal perséinlech, un d’Verantwortung erënneren, déi se iwwerholl hunn wéi d’ARBED um Enn an Arcelor – Mittal iwwergaangen ass. Dobäi däerfen och déi grouss Sacrificen an d’Solidaritéit vun alle Lëtzebuerger net vergiess ginn, déi et an de battere Stonne vun der Stolkris méiglech gemaach hunn, fir d’ARBED nees op fest Been ze stellen. Et däerf een den Här Mittal och drun erënneren, datt och nach haut de Grand-Duché weider Efforte mecht fir datt dat, wat vun der Stolindustrie nach iwwreg ass, weider eng gesond economesch Zukunft am Land huet.

D’ADR mecht dowéinst en Appel un d’Regierung, dëst Gebai fir de Staat ze kafen. Wann ee bedenkt, wat de Lëtzebuerger Staat a seng Steierzueler an d’Arbed, Arcelor an Arcelor-Mittal investéiert hunn, da géif den Anstand verlaangen, datt déi Gesellschaft dëst Gebai zum symboleschem Euro iwwerdroe géif. Sollt dësen Anstand net bestoen, soll de Staat awer d’Verhandlungen ophuelen fir de fréiere Siège vun der ARBED ze kafen.

Pressematdeelung vum 8. Oktober 2014

Deel dëse Post: