Dank der Regierung: D’Liewe gëtt ëmmer méi deier!

Ëmmer méi Steieren, ëmmer méi ideologesch Bestëmmungen, déi dem Klimaschutz näischt déngen awer d’Liewen ëmmer méi deier maachen an eng ëmmer méi industriefeindlech Politik, ënnert där och déi kleng a mëttelstänneg Betriber ze leiden hunn: a senger Interventioun vum 8. Februar weist den Zentrums-Deputéierte Roy Reding kloer drop hin, datt d’Regierung sech ganz bewosst ass, datt si d’Liewe vun de Leit ëmmer méi deier mécht. Fir d’ADR gëlt e klore Grondsaz: Entlaaschtung amplaz bürokratesch Ëmverdeelung!

Deel dëse Post: