D’Äsche vun engem Verstuerwenen doheem conservéieren?

Zu Lëtzebuerg ass d’Verstreeë bzw. d’Conservéiere vun den Äsche vun engem Verstuerwenen u streng Reegele gebonnen. De Jeff Engelen freet d’Regierung, ob hei Gesetzesännerunge geplangt sinn.

Fro:

Zu Lëtzebuerg ass et verbueden, d’Äsche vun engem verstuerwene Familljemember bei sech doheem ze conservéieren, well d’Recht, d’Äsche vum Verstuerwenen ze besichen, jiddwer Familljemember opstoe muss. Wann de Verstuerwene viru sengem Doud dee Wonsch zum Ausdrock bruecht huet, kënne seng Äschen, mat Erlaabnis vum Buergermeeschter, um Grondstéck vun enger Privatpersoun oder op anere Plazen an der Gemeng, wéi beispillsweis laanscht eng Promenade oder bei engem bestëmmte Bam, verstreet ginn.

Wat d’Verstreeë vun den Äschen an engem Bësch ugeet, sou schreiwen d’Madamm Gesondheetsminister an den Här Banneminister de 14. Mäerz 2018 an hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro Nr. 3609 vum honorabelen Deputéierte Lex Delles: « Dans cet ordre d’idées, il y a lieu d’ajouter que la mise en place, ces dernières années, de cimetières forestiers constitue une alternative pour l’épandage des cendres notamment sur une clairière forestière ou concentré au pied d’un arbre commémoratif. » D’Verstreeë vun den Äschen an engem Waasserlaf ass och méiglech, benéidegt awer d’Zoustëmmung vum Ressortminister a muss, wann et sech ëm d’Musel (Kondominium vu Lëtzebuerg an Däitschland) handelt, déi däitsch Gesetzgebung respektéieren.

Zum Schluss vun hirer Äntwert schreiwen d’Madamm Minister an den Här Minister: « D’une manière générale, il y a lieu de préciser qu’une adaptation de la législation sur les inhumations et l’incinération des dépouilles mortelles à l’évolution de la société pourrait s’imposer prochainement.»

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un d’Madamm Minister:

  • Kann d’Madamm Minister erklären, firwat et zu Lëtzebuerg zwar verbueden ass, d’Äsche vum Verstuerwene bei sech doheem ze conservéieren, mee duerchaus méiglech ass, se am Gaart vun enger Privatpersoun ze verstreeën (Art. 3 vum “Règlement grand-ducal du 21 juin 1978 relatif à la dispersion des cendres”)?
  • Am Art. 3 vum “Règlement grand-ducal du 21 juin 1978 relatif à la dispersion des cendres” heescht et: «le bourgmestre peut autoriser selon le voeu du défunt la dispersion des cendres sur une parcelle de terrain située dans la propriété d’un particulier ou à tout autre endroit.» Kann d’Madamm Minister preziséieren, wéi eng administrativ Demarchen de Verstuerwene viru sengem Doud konkret ënnerhuele muss a wéi eng Ëmstänn virleie mussen, fir datt no sengem Doud de Buergermeeschter d’Verstreeë vu sengen Äschen op de genannte Plazen erlabe kann?
  • Kann d’Madamm Minister Prezisiounen doriwwer ginn, wéini déi ugekënnegt «adaptation de la législation sur les inhumations et l’incinération des dépouilles mortelles à l’évolution de la société» konkret Gestalt unhuele wäert? Kann d’Madamm Minister an deem Kontext confirméieren, datt virgesinn ass, et an Zukunft Privatpersounen ze erlaben, d’Äsche vun hirem Verstuerwene bei sech doheem ze conservéieren?
  • Wéi gedenkt d’Regierung an Zukunft ze verhënneren, datt de Wonsch vu Verstuerwenen, wat d’Verstreeë vun hiren Äschen op enger bestëmmter Plaz ugeet, net erfëllt ka ginn, well déi verstuerwe Persoun virun hirem Doud keng Geleeënheet hat, hire Wonsch offiziell auszedrécken, entweder well hiren Doud onerwaart agetrueden ass oder well si hire Wonsch just hirer Famill konnt matdeelen? Ass geplangt, dat bestoend Gesetz an dësem Punkt ze reforméieren?
  • Wéi oft goufen an deene leschte fënnef Joer d’Äsche vu Verstuerwenen an engem Bësch verstreet? Wéi oft goufen d’Äsche vu Verstuerwenen an engem Floss bzw. enger Baach verstreet? Wéi oft gouf de Wonsch vum Verstuerwenen an deem Zesummenhank ofgeleent? Mat wéi enger Begrënnung?
  • Ass et Privatpersounen erlaabt, d’Äsche vum Verstuerwenen iwwer d’Grenz eraus ze transportéieren? Wa jo, ënner wéi engen Ëmstänn a wéi eng Demarchë sinn dofir néideg? Gouf et dee Fall schonn zu Lëtzebuerg, a wéi heefeg ass dat bis haut virkomm?

Äntwert:

Den Deputéierten informéiert sech iwwert d’Konditioune vum Verstreeë vun den Äsche vu Verstuerwenen.
Fro 1)
D’Conservatioun vun enger Urn mat den Äsche vun engem Verstuerwenen doheem wërft eng ganz Rei vu Froen op. Et geet ënner anerem ëm d’Obligatioun oder d’Fakultéit vum designéierten Dépositaire, fir d’Urn bei sech doheem ze versuergen, d’Konditiounen, ënnert deenen d’Urn versuergt gëtt, d’Kontroll vum Anhale vun de Konditiounen, den Zougang zu der Urn vu Familljememberen oder anere Persounen, d’Zäit, während där d’Urn soll/muss versuergt ginn, an d’Opbeware vun der Urn, nodeems den Dépositaire verstuerwen ass.
Fro 2)
Dat hänkt vun de jeeweilege Gemengereglementer of.
Fro 3)
Zu dësem Zäitpunkt ginn et keng konkret Piste fir eng Adaptatioun vun der Législatioun.
Fro 4)
De Wonsch, fir op enger anerer Parzell wéi dem Kierfecht verstreet ze ginn, läit ganz alleng beim Verstuerwenen. Dofir ass d’Sensibiliséierung vun der Bevëlkerung, déi sech iwwert dëst schwieregt Thema scho fréizäiteg Gedanke soll maachen an hire Wonsch soll festhalen, immens wichteg.
Fro 5)
D’Verstreeë vun Äschen an engem Gewässer ass a priori iwwert den Art. 22 vum Waassergesetz verbueden a wier just erlaabt, wann eng Autorisatioun nom Art. 23 (1) Punkt d) “Sont soumis à autorisation par le ministre le déversement direct ou indirect de substances solides ou gazeuses ainsi que de liquides autres que l’eau visée au point c) dans les eaux de surface et les eaux souterraines” virläit. Aktuell goufen nach keng entspriechend Demanden agereecht.
Fro 6)
D’Äsche vun de Verstuerwene gi vum Crématoire de Luxembourg net u Privatpersounen ausgehändegt, mee un déi jeeweileg Pompes funèbres. 
Am Fall, wou d’Urn mat den Äschen an d’Ausland transportéiert gëtt, gesäit déi europäesch Norm vir, dass déi jeeweileg national Législatioun soll applizéiert ginn. Déi néideg Dokumenter gi vun der Inspection sanitaire ausgestallt an un d’Pompes funèbres, déi den Transport garantéiert, ausgehändegt.
Zu Lëtzebuerg kënnt et och vir, dass Privatpersounen d’Äsche vum Verstuerwenen iwwert d’Grenz eraus transportéieren. Genee Zuele vun esou Fäll ginn net erhuewen.

 

    

Deel dëse Post: