Däitsch PKW-Maut: de Bausch léist eis am Stach!

Datt den Infrastrukturminister François Bausch sech léiwer mam Tram bretzt wéi sech ëm d’Lëtzebuerger Automobilisten bekëmmert ass kee Scoop. Datt en awer kee Fanger kromm mécht, fir géint déi däitsch PKW-Maut virzegoen, ass méi wéi traureg!

Däitschland huet beschloss, eng Maut anzeféieren, déi och fir auslännesch Autoen, Motorrieder a Campingsbusse gëllt. Déi däitsch Automobiliste ginn, op déi eng an déi aner Manéier, vun dëser Maut verschount, andeems si manner “KFZ-Steuer” bezuelen. Éisträich huet virun e puer Deeg beschloss, géint dës Maut beim europäesche Geriichtshaff ze kloen, an Holland huet ugekënnegt, sech dëser Klo unzeschléissen.

Dowéinst freet den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen de Minister, ob Lëtzebuerg sech dëser Klo wëllt uschléissen.

“Lëtzebuerg huet (…) decidéiert fir à ce stade keng Klo géint de Projet ze maachen” äntwert de Minister. 

Sollt d’PKW-Maut awer agefouert ginn, schléit de Gast Gibéryen zwou Alternative vir, déi mat Däitschland kéinten ausgehandelt ginn:

  1. déi däitsch Automobilisten (a méiglecherweis all Auslänner) mussen och zu Lëtzebuerg Maut bezuelen 
  2. Däitschland akzeptéiert, datt déi lëtzebuergesch Vignette an Däitschland als Bezuelung vun der Maut unerkannt gëtt.

Hei hieft de Minister “d’Kompetitivitéit vun Europa” ervir, a schreift: “Aus gesote Grënn plangt Lëtzebuerg dofir am Moment och net fir eng national PKW-Maut anzeféieren”.

Deel dëse Post: