Däitsch Krichsrhetorik vis-à-vis vu Russland “net dréngend”

Säit geschwënn engem Joer gëtt d’Ukrain vun engem militäresche Konflikt erfaasst, deen duerch déi komplizéiert international Verstréckungen de Risiko a sech dréit, zu all Ablack zu engem grousse Krich inklusiv dem Asaz vun Atomwaffen eskaléieren ze kënnen. Déi däitsch Bausseminister Annalena Baerbock schwätzt souguer ganz oppen dovun, datt hiert Land Krich géint Russland féiert, wärend déi däitsch Regierung där ukrainescher Säit lo parallel och Panzere liwwert. Fir’ADR bedeit dës dramatesch Zouspëtzung, datt een ëmsou méi séier op de Wee vun enger diplomatescher Léisung muss zeréckfannen a wëll beim Bausseminister intervenéieren, fir nozefroen, ob et net och vu Lëtzebuergescher Säit aus Zäit wier, fir ëmzedenken (och d’Lëtzebuerger Regierung bedeelegt sech mat direkte Waffeliwwerungen um Konflikt). Leider huet si d’Rechnung ouni den éischte Bierger vum Land, den Här Fernand Etgen gemaach, deen dës Fro fir d’éischt komplett refuséiert a schliisslech als “net dréngend” astuuft. D’Gefor vun engem drëtte Weltkrich ass fir de Gambia-Parlamentspresident also beschtefalls “net dréngend”.

Dës Passage huet dem Här Etgen net gefall, duerfir wollt hien d’Fro fir d’éischt guer net unhuelen: “Mir sinn elo nëmmen nach e ganz klénge Schrëtt vun enger formeller Krichserklärung géint Russland ewech. Däitschland schéngt elo scho fir d’drëtt an engem Joerhonnert e Krich géint Russland wëllen ze féieren“.

Deel dëse Post: