Däitsch Grenzgänger mussen elo hier Iwwerstonnen an Däitschland versteieren!

Den 20. Mäerz 2024 war am Luxemburger Wort ze liesen, datt Grenzgänger aus Däitschland, duerch en neit Kooperatiounsofkommes tëschent Lëtzebuerg an Däitschland vum 11. Januar 2024, hir Paien, Gehälter an Zouschléi fir geleeschten Iwwerstonnen an Däitschland réckwierkend vum 1. Januar 2024 u versteiere mussen.

Dat ass e grousse Problem, well de Manktem un Aarbechtskräfte riskéiert sech doduerch a ganz ville Secteuren ze verstäerken, ënnert anerem och am Gesondheetssecteur.

D’Onzefriddenheet bei de Grenzgänger riskéiert sech ze verschlëmmeren an si kéinten duerch déi nei Steierreegele benodeelegt gi par rapport zu Beschäftegter, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an zu Grenzgänger aus anere Länner.

An deem Kader huet d’Alexandra Schoos an de Fred Keup eng parlamentaresch Fro gestallt.

Deel dëse Post: