D’ADRenalin um EYC Freedom Summit zu Porto

D’ADR-Jugendorganisatioun adrenalin déi jonk adr, huet mat enger grousser an engagéierter Délégatioun, vum 30. September bis 2. Oktober 2016 um Freedom Summit vun der EYC (European Young Conservatives) zu Porto deelgeholl. Hei hat d’Adrenalin d’Chance, fir op engem intressante Meeting mat politesche Konferenzen, internationalem Austausch, kulturelle Visiten, a gemeinsamen Owender mat ze maachen, an zugläich, d’Interesse vu Land a Partei ze vertrieden. D’Haptsujete woren d’Welthandelspolitik, de Brexit, d’Migratiounskris, d’Sécherheet- an d’Verdeedegungspolitik, d’Europa vun de Nationalstaaten an d’Souveränitéitsfro, an eis gemeinsam klassesch-liberal a konservativ Philosophie. Zësumme mat de Jugendorganisatiounen aus aller Welt, de bekannte Politiker Daniel Hannan (britesche Journalist a Member am Europaparlament fir d’Britten), Naweed Khan (Direkter vun New Direction, engem euro-realisteschen Think Tank), Jan Zahradil (Tchesche Politiker a President vun der EKR Fraktioun am Europaparlament), Andrew Rosindell (briteschen Députéierten an Direkter vun der European Foundation engem euro-skepteschem Think Tank), Peter Botting (Coach fir Rhetorik a Strategie) a villen anere Politgréissten aus dem Ausland, konnt d’ADRenalin intressant Gespréicher féieren, a léierräich Referater suivéieren. Vertruede woren den EYC Exekutivconseiljee- a Vizepresident Joe Thein, den Adrenalin-Vizepresident Tom Agnes, de Generalsekretär Gilles Carlizzi, d’Caissière Nathalie Breyer, souwéi d’Komiteesmemberen Suzanne Kohl a Conny Schut.

(op der Foto: Conny Schut, Tom Agnes, Nathalie Breyer, Joe Thein, Suzanne Kohl, Gilles Carlizzi, Peter Botting)

Deel dëse Post: