D’ADRenalin ënnerstëtzt eng gemeinsam Stellungnam vun de Jugendorganisatiounen zum Thema Chômage

Als Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendorganisatiounen huet d’Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg (CGJL) en Dokument mam Titel “Schicksal Prekarität ? – Ein gemeinsamer Aufruf zum Handeln” ausgeschafft. Dës Stellungnam ass d’Resultat vun enger Rei vu Consultatiounen an Aktivitéiten ëm de Jugendchômage, déi an deene leschte Méint stattfonnt hunn an un deenen d’ADRenalin deelgeholl huet. Well d’ADRenalin der Meenung ass, datt den ze héije Chômagetaux besuergniserreegend ass an datt et effektiv néideg ass an deem Beräich ze handelen, huet se dat gemeinsaamt Dokument mat ënnerschriwwen.

Dir wëllt déi gemeinsam Stellungnam vun de Jugendorganisatiounen noliesen? Einfach déi éischt Säit uklicken!

Deel dëse Post: