D’ADR warnt: keng EU-Steieren

An engem Pressekommunikee kënnt d’ADR op déi aktuell Diskussioun ëm de neien EU-Budget, deen éischten ouni Groussbritannien. Eis Partei ass der Meenung, datt dee Budget Mooss hale soll nom Verloscht vun deem wirtschaftleche Schwéiergewiicht. Prinzipiell gëlt: Steiere sinn eng national Ugeleeënheet an den EU-Budget soll aus den Nationalbudgetën vun deene 27 finanzéiert ginn. Lëtzebuerg soll net hëllefen, d’britescht Budgetslach ze fëllen, mee d’EU-Finanzen sollen deem méi klengen Europa ugepasst ginn.

Deel dëse Post: