D’ADR verlaangt kloer Regele fir d’Interventioun vu Politiker an de Schoulen

Nodeems de Péitenger Gemengeconseiller Joe Thein dru gehënnert gouf, am Lycée technique Mathias Adam eng Ried ze halen, huet d’ADR vun der Educatiounsministesch verlaangt, datt kloer Regele fir d’Interventioun vu Politiker an de Schoulen ausgeschafft ginn. Zwou sougenannten „instructions ministérielles“ sinn deslescht der zoustänneger Commissioun virgestallt ginn, mä d’ADR ka sech mat dësen Texter bei wäitem net zefridde ginn. Et muss nämlech garantéiert ginn, datt d’Diversitéit vun de Meenunge respektéiert gëtt.

Et kënnt ëmmer nees vir, datt Politiker d’Geleeënheet kréien, fir an de Schoulen d’Wuert z’ergräifen an hir Meenungen a Positiounen duerzeleeën. Déi jonk Generatioun gëtt esou op méi oder manner aktuell Themen opmierksam gemaach. Rezent Tëschefäll hunn allerdéngs gewisen, datt net all Riedner d’selwecht behandelt ginn, wann et drëms geet ze bestëmmen, ob eng bestëmmte Persoun e Virtrag däerf halen oder net.

Am Abrëll 2012 ass de Péitenger Gemengeconseiller Joe Thein dru gehënnert ginn, op enger „Journée multiculturelle“, déi am Lycée technique Mathias Adam organiséiert gouf, ze schwätzen. D’ADR huet an enger ëffentlecher Stellungsnam géint d’Diskriminatioun vun engem vun hiren Politiker a géint dësen Ugrëff op d’Demokratie proadréiert. De Verbuet am LTMA war ëmsou méi verwäerflech, datt an deemselwechte Lycée an der Vergaangenheet schonns aner Politiker hunn däerfen optrieden, zum Beispill Membere vun der Regierung an e gréngen Europadeputéierten.

An enger parlamentarescher Fro un d’Educatiounsministesch ass den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser op dës Situatioun agaangen. A senger Äntwert huet d’Madame Delvaux-Stehres preziséiert, si géif eng Instruction ministérielle concernant l’intervention à l’école de personnalités du monde politique ausschaffe loossen.

An enger Sëtzung vun der zoustänneger Chamberscommissioun sinn dann zwee Texter presentéiert ginn, ee fir den Enseigment fondamental an ee fir d’Lycéeën. Dës sougenannten Instructions ministérielles entspriechen allerdéngs bei wäitem net deem, wat een sech vum Educatiounsministère géif erwaarden. Eng Rei Dispositioune sinn esou vague, datt se an der Praxis kaum kéinten ëmgesat ginn.

D’ADR verlaangt an deem Kontext, datt béid Texter iwwerschafft ginn. Wann e bestëmmte Sujet an de Schoulen ugeschwat gëtt, da solle Vertrieder vun alle Parteien d’Méiglechkeet kréien, fir d’Wuert z’ergräifen. Et muss jiddefalls garantéiert ginn, datt d’Diversitéit vun de Meenunge respektéiert gëtt. Bei besonnesch kontroverse Sujete wär et fir d’Schüler sënnvoll, op d’mannst zwou Meenungen, déi wäit ausernaner ginn, ze héieren.

D’ADR stellt fest, datt d’Madame Educatiounsministesch endlech hir Hausaufgabe mécht an datt se den Interventioune vu Politiker an de Schoulen endlech e klore Kader gëtt!

Deel dëse Post: