D’ADR protestéiert géint d’Diskriminéierung vun engem vun hire Politiker am Péitenger Lycée technique Mathias Adam (LTMA). An dësem techneschem Lycée hate Schüler den 28. Abrëll eng «Journée multiculturelle» organiséiert. Als Spriecher hate se de jonke Péitenger Gemengeconseiller Joe Thein (ADR) invitéiert, deen och am LTMA an d’Schoul geet. Wéi den Direkter gewuer gouf, dat de Joe Thein op dësem Fest sollt schwätzen, huet hien dat verbueden! D’ADR bedauert, datt op dës Aart a Weis e gewielte Politiker zu Lëtzebuerg Riedeverbuet erdeelt krut.

De Riedeverbuet fir de jonken ADR-Politiker a Gemengeconseiller ass en Ugrëff op d’Demokratie, a méi besonnesch op eng Partei déi de Rechtsstaat respektéiert an ënnerstëtzt, zanter bal 25 Joer an der Chamber vertrueden ass an d’Vertraue vun iwwer 8% vun de Wieler am Land genéisst. De Verbuet am LTMA ass ëmsou méi verwäerflech wou an deem selwechte Lycée an der Vergaangenheet schonns aner Politiker hunn däerfen optrieden, zum Beispill Membere vun der Regierung an e gréngen Europadeputéierten.

Fir sech ze justifiéieren, verweist den Direkter elo op gewësse prozedural Fehler, déi d’Schüler déi dës « Journée multiculturelle » organiséiert hunn, gemaach hunn, a betount, dat seng Decisioun net géint de Joe Thein perséinlech geriicht gewiescht wär.

Fir d’ADR ass awer hei kloer, datt eng demokratesch, lëtzebuergesch Partei dru gehënnert ginn ass fir kënnen un esou engem Ereegnes deelzehuelen! Dat ass ëmsou méi inakzeptabel, wéi d’Madame Delvaux, Educatiounsminister, an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer d’Präsenz vu Politiker an de Schoulen den 23. November 2010 geäntwert huet: « Il me semble tout à fait indiqué qu’une pluralité d’opinions puisse s’exprimer et j’estime que les directions des lycées, ensemble avec leur conseil d’éducation, sont parfaitement à même de veiller à ce que des vues divergentes, opposées ou contradictoires soient développées dans un climat qui favorise la culture démocratique. »

D’ADR stellt fest, datt si awer an der Praxis vun Debatten aus de Schoulen ausgeklamert gëtt, déi domadder net méi dem Usproch op eng pluralistesch, demokratesch Diskussiounskultur am Interessi vun de Schüler kënne gerecht ginn. D’ADR héiert och ëmmer nees, datt si vun Direkteren a Professeren als xenophob oder extremistesch duergestallt gëtt. Dës Behaaptungen hunn absolut keng Berechtegung, de Géigendeel ass wouer an ass nozeliesen am Grondsazprogramm, an de Wahlprogrammer oder an den Interventioune vun ADR-Deputéierten an der Chamber.

D’ADR verlaangt vun der Madame Delvaux, Educatiounsminister, datt si fir Zukunft sécherstellt datt déi aktiv an inakzeptabel Diskriminatioun vun der ADR an hire Politiker am lëtzebuerger Schoulwiesen ophéiert!