D’ADR verlaangt e méi éierlechen Ëmgank mam Eurobarometer !

Dem rezenadren Eurobarometer no géifen sech zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger fir déi europäesch Dossieren intresséieren a sech en Europäescht Parlament mat enger méi wichteger Roll wënschen. Esou steet et jiddefalls an der offizieller Matdeelung vum Lëtzebuerger Informatiounsbureau vum Europäesche Parlament. D’ADR awer stellt dës Ausso a Fro: éischtens goufen net d’Lëtzebuerger, mä d’Residentë befrot; zweetens sinn d’Bierger, déi bei dëser Ëmfro matgemaach hunn, net genügend iwwert déi Europäesch Institutiounen informéiert.

A regelméissegen Ofstänn gëtt déi Europäesch Commissioun ëffentlech Meenungsëmfroen an Optrag, bei deenen d’Bierger no hirer Astellung befrot ginn zu Themen, déi an der EU eng gewësse Relevanz hunn. D’Resultater vum rezenadren Eurobarometer si gëschter publizéiert ginn an et gouf, vun offizieller Säit, eng Zuel zréckbehalen: zwee Drëttel vun de Lëtzebuerger intresséiere sech fir déi europäesch Dossieren a grad esou vill wënschen sech, d’Europäescht Parlament géif eng méi wichteg Roll spillen.

Der ADR no spigelt dës Ausso op kee Fall dat erëm, wat beim Sondage erauskoum. Besonnesch opfälleg ass, datt net d’Lëtzebuerger befrot goufen, mä d’Residenten. Dës Informatioun, déi dem breede Publikum net zougänglech ass, ass op Ufro vun der ADR vum Lëtzebuerger Informatiounsbureau vum Europäesche Parlament konfirméiert ginn.

D’Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, kommen zu engem ganz groussen Deel aus engem aneren EU-Memberstaat. Et läit op der Hand, datt déi Residentë wéinst hirer Liewensgeschicht e ganz speziellt Verhältnis zu der EU an zu den Europäeschen Institutiounen hunn. Wa schonns esou Sondagen duerchgeféiert ginn, da wier et méi wéi sënnvoll dëst ze berécksichtegen an déi genee Zuele fir d’Astellung vun de Lëtzebuerger a fir déi vun den aneren EU-Bierger ze publizéieren! Dozou kënnt nach de Problem vun der Sprooch. D’Froe goufen entweder op Däitsch, Lëtzebuergesch oder Franséisch gestallt, dat heescht net onbedéngt an der Mammesprooch vun deem, deen se gestallt kritt huet.

Eng Rei intressant Aspekter vum Eurobarometer sinn net genügend ervirgehuewe ginn. Iwwert d’Halschent vun deenen, déi zu Lëtzebuerg wunnen (53%), wësse mol net, datt d’Europadeputéierten net no hirer Nationalitéit, mä no hirer politescher Affinitéit am Parlament sëtzen. Wat ass en Uerteel iwwert eng Institutioun, där hiert Fonctionnement esou wéineg bekannt ass, iwwerhaapt Wäert? Bal grad esou vill Leit (45%) hunn iwwregens eng „neutral“ Astellung géigeniwwer dem Europaparlement, wat ënnert anerem op dat allgemengt Onkenntnis zréckzeféieren ass.

D’ADR verlaangt net nëmmen e méi éierlechen Ëmgank mam Eurobarometer, mä och eng reell Debatt iwwert Europa an iwwert d’Zukunft zu Lëtzebuerg!

Deel dëse Post: