Aus der Chamber: d’ADR stëmmt géint den Tram!

De 4. Juni ass an der Chamber de Projet Tram guttgeheescht ginn, awer ouni d’Stëmme vun der ADR, déi als eenzeg Partei géint dee Gesetzesprojet gestëmmt huet. A senger Ried huet den Deputéierte Roy Reding nach eng Kéier erkläert, firwat d’ADR ni konnt mat deem Projet averstane sinn.

Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet um Ufank vun der Sëtzung gefuerdert, datt et guer net géif zu engem Vote kommen, an dat ass zwee Grënn:

1. Den ADR-Deputéierte Roy Reding huet eng sougenannt Proposition de loi deposéiert, an där hie verlaangt, datt et zu engem Referendum zum Tram kënnt. Et ass Usus, datt an der Chamber Texter zum selwechte Sujet zesumme behandelt ginn. Hei war dat net de Fall, d.h. d’Proposition de loi vum Roy Reding ass einfach ignoréiert ginn.

2. Virun enger Woch huet an der Chamber eng Debatt zum Tram stattfonnt, an dat wéinst enger Petitioun, wou genuch Ënnerschrëften zesummekomm waren. Et misst een déi Petitioun, bei där genuch Ënnerschrëfte zesummekoumen, eescht huelen, an se net ignoréieren.

Nieft dem Tram ass och iwwert d’Cyberkriminalitéit diskutéiert ginn. Den Deputéierte Fernand Kartheiser huet fir d’ADR dozou Stellung geholl. Hien huet sech an deem Kontext fir d’Meenungsfräiheet agesat.

Deel dëse Post: