D’ADR steet kompromësslos hannert eiser Police!

“Faschist”, esou brëllt de Sven Clement an d’Chamberplenière, wann him d’Argumenter ausginn… an dobäi huet d’ADR an hirer Politik – net nëmme vun de leschten Deeg a Wochen – däitlech gemaach, datt si kompromësslos hannert dem Engagement vun eiser Police steet. Esou fuerdere mir dann och eng automatesch assistance juridique fir eis Policebeamten. D’ADR ass der fester Iwwerzeegung, datt et awer, besonnesch och am Kontext vun de rezente Maniffen, ëmmer muss méiglech sinn, Froen iwwert Asätz ze stellen, fir datt eis Police esou an Zukunft nach méi effikass kann operéieren.

Deel dëse Post: