Dësen Artikel ass an der zweeter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.
Wéi stinn d’Parteien zu der Monarchie ? Och dës wesentlech Fro muss am Virfeld vun de Chamberwale gestallt ginn. An deene leschte Méint huet sech d’Politik wéinst der geplangtener Verfassungsreform méi intensiv mat där Fro beschäftegt, an och d’ADR huet do eng ganz kloer Positioun.
Fir d’ADR steet fest: eis Staatsform däerf net a Fro gestallt ginn. De Grand-Duc soll weiderhin dofir suergen, datt déi demokratesch Prinzipien zu Lëtzebuerg respektéiert ginn, a soll och als Vermëttler tëscht den Institutiounen agéieren. Där Meenung sinn net onbedéngt all déi aner Parteien, déi sech fläisseg dofir asetzen, datt d’Monarchie nëmmen nach eng minimal Roll an der neier Verfassung spillt. Esou soll ënnert anerem den Terme Grand-Duc einfach duerch Chef de l‘Etat ersat ginn – e Staatschef, deen zum Beispill och net méi soll dierfe Chef vun der Arméi sinn…
D’ADR steet ganz kloer zur Monarchie. Dëst schléisst awer net aus, datt dës wichteg Institutioun méi zäitgeméiss gestalt gëtt. Am Sënn vun der Gewaltentrennung kann de Grand-Duc net méi Deel vun der Exekutiv (Regierung) oder vun der Legislativ (Chamber) sinn. Och d’Ernennung vun de Membere vum Staatsrot kann net méi ënnert seng Zoustännegkeet falen.
D’Behaaptung, e Monarch géif de Staatsbudget méi staark belaaschte wéi e President, kann d’ADR net hinhuelen. Dëst schléisst awer net aus, datt sech d’ADR wëll bei der Verfassungsreform fir eng méi grouss Transparenz, wat d’Finanzéierung vun der Monarchie ugeet,asetzen.