Jo zum Asylrecht mat Konditiounen!

Op enger Pressekonferenz, e Mëttwoch, de 9. September 2015, huet d’ADR hir Positioun zum Asylrecht presentéiert. E Positiounspobeier, dee sech an dräi Voleten gliddert, gouf vum Fernand Kartheiser, zesumme mam Gast Gibéryen, virgestallt. Et geet fir d’éischt em d’Situatioun vun dene Leit, déi Asyl froen, an déi  vun de Krichsflüchlinger (no der Genfer Konventioun) a hiren Accueil zu Lëtzebuerg. Duerno geet et iwwer den europäeschen an den internationale Kader.  Schliesslech geet et em Prozeduren.

 

An esou enger kriddelecher Fro dat Wichtegst, ass ze wëssen, wouvun ee schwätzt. Dofir huet de Fernand Kartheiser eng ganz däitlech Differenzéierung gemaach tëscht denen eenzele Kategorien vu Mënschen an dëser Migratiounskris. Nëmme wa kloer ass, a wat fir engem juristesche Kader sech bewegt gëtt, kann ee novollzéien, wat grad an Europa geschitt. Wichteg ass awer virun allem eng genee Differenzéierung an engem Migratiounskader, dee riskéiert, Europa ze iwwerfuerderen. Ee Mënsch, den Asyl ufreet, well e verfollecht ass, muss prinzipiell kënnen un d’europäesch an d’lëtzebuergesch Dir klappen. E Mënsch, dee viru Krich fortleeft, daarf sech Hëllef a Schutz vun Europa a vu Lëtzebuerg erwaarden, bis e neess sëcher a säi Land kann zeréck. Déi zwou Situatiounen sinn an internationale Konventiounen geregelt, déi Lëtzebuerg ënnerschriwwen huet. E Mënsch, deen illegal aus wirtschaftleche Grënn an Europa kënnt (ouni Krichsituatioun an ouni verfollegt ze ginn), huet kee Recht hei ze bleiwen. Dat ass de legale Kader an deem d’Diskussioun ze kucken ass.

Et gouf awer och zolitt Kritik un der Regierung. Do huet de Fernand Kartheiser vill méi eng aktiv Roll vun der Lëtzebuerger Regierung gefuerdert, déi am Kader vun hirer EU-Présidence méi Initiativ misst weisen an där et u Visioune géing felen.  Besonnesch kritiséiert gouf an deem Kader och de Bausseminister Jean Asselborn, wéinst senge Stellungnahmen an der Press, wou hien ondiplomatesch aner europäesch Politiker ugräift. Mä de Fernand Kartheiser gesäit Europa virun allem an der Flicht, fir laangfristeg a juristesch einwandfräi Solutioune an enger Kriis ze fannen, déi muer och nach net eriwwer ass.

A sengem Fazit huet de Fernand Kartheiser ënnerstrach, dat d’ADR voll zum Asylrecht steht an dat zu Konditiounen, déi den humanitäre Standarden vun der EU wierdeg sinn.

Deel dëse Post: