D’ADR prett fir d’Neiwalen

Chamber

D’Exekutiv vun der ADR ass e Mëttwoch, de 17. Juli, zesumme komm an huet Decisioune virbereet fir beschtens fir déi virgezunne Walen opgestallt ze sinn. Dës Decisioune ginn, konform zu de Statutten, en Dënschdeg, den 23. Juli vum Nationalkomitee geholl. D’Exekutiv huet sech och mat de juristeschen Onsécherheeten an de konstitutionelle Froen ëm ons Institutioune befaasst. D’Deputéiert Gast Gibéryen a Fernand Kartheiser hunn e Bréif un de Chamberpresident geschéckt a fuerderen doranner, datt d’Motiounen déi den 10. Juli deposéiert goufe séier zum Vote kommen.

D’ADR Exekutiv ass zesumme komm fir d’Wale vum Oktober virzebereeden. D’Virbereedunge sinn op de Punkte Walslogan a Walthemen, de Spëtzekandidaten esou wéi op d’Organisatioun vun de Bezierkskongresser – déi d’Lëschte mat de Kandidate musse ratifizéieren – an dem Walkongress gutt viru komm, esou datt d’Entscheedungen den nächsten Dënschdeg vum Nationalkomitee kënne geholl ginn.

E weidert Thema war déi aktuell Onsécherheeten am Zesummenhang mat der politescher Situatioun. D’ADR bedauert, datt d’Politik eng Situatioun geschafen huet, déi nëmme schwéier mat der Verfassung an de Gesetzer iwwereneen ze bréngen ass. D’ADR huet Vertrauen an de Grand-Duc, datt dësen zu enger Decisioun fënnt, déi ons Verfassung, ons Gesetzer an awer och de Wëlle vun der Politik respektéiert.

D’ADR géif sech awer wënschen, datt d’Politik selwer hir Verantwortung hëlt an datt d’Regierung formell opgeléist gëtt. Dowéinst soll d’Chamber esou séier wéi méiglech zesummekommen, fir datt d’Motiounen déi den 10. Juli deposéiert goufen, an ënner anerem d’Responsabilitéit vun der Regierung engagéieren an dëser hiert Vertrauen entzitt, zum Vote kommen. An dësem Sënn ass och e Bréif un de Chamberpresident geschéckt ginn.

Deel dëse Post: