D’ADR huet dës Wale gewonn!

Den 8. Oktober 2023 huet de Wieler decidéiert, d’ADR massiv ze stäerken. D’Partei konnt de Sëtz am Osten zeréckgewannen an ass elo déi véiert stäerkste Partei zu Lëtzebuerg. Mam Tom Weideg fir de Bezierk Zentrum an Alexandra Schoos fir de Bezierk Oste vertrieden elo zwee nei Gesiichter d’ADR an der Chamber. Datt d’ADR elo offiziell Fraktiounsstäerkt erreecht huet, wierkt sech iwwerdeems positiv op déi parlamentaresch Aarbecht aus: Méi Matsproocherecht, méi politescht Gewiicht, méi Ënnerstëtzung, fir déi parlamentaresch Aarbecht kënnen ze assuréieren etc. Et sinn deemno fir d’ADR an der Chamber vertrueden:

  • Fir de Bezierk Süden: Fred Keup a Fernand Kartheiser
  • Fir de Bezierk Zentrum: Tom Weidig
  • Fir de Bezierk Osten: Alexandra Schoos
  • Fir de Bezierk Norden: Jeff Engelen

De 24. Oktober goufen déi nei Deputéierten dann och an der Chamber vereedegt:

 

Eng gestäerkte Fraktioun also, déi voll motivéiert an am Déngscht vun hire Wieler – an alle Lëtzebuerger – eng gutt Oppositiounspolitik leeschte wäert.

Deel dëse Post: