D’ADR hannerfreet d’Teststrategie vun der Regierung!

Am Kader vum Covid-19 hëlt d’Regierung Entscheedungen, mat deene si an d’Privatsphär vun de Leit agräift. D’Fräiheet an d’Rechter ginn a Fro gestallt an Existenze ginn an de Ruin gedriwwen, wat privat, gesellschaftlech, sozial a wirtschaftlech Konsequenzen huet – eng Realitéit, iwwert déi net gär geschwat gëtt.

Schonn zënter Méint stëtzt d’Regierung sech op d‘Fallzuelen, déi mam sougenannte PCR-Test vu Fast Track Diagnostics ermëttelt ginn, fir hir Politik an hir Moossnamen ze begrënnen a Restriktiounen ëmzesetzen. Esou ass de 25. November schonn erëm en neit Covid-Gesetz gestëmmt ginn, mat deem d’Restriktioune verlängert an erweidert goufen. Esouguer e partielle Lockdown gouf verhaangen. Dobäi stelle sech vill Froen iwwert d’Teststrategie awer och iwwert d’PCR-Tester an d’Interpretatioun vun den Testresultater!

Aus deem Grond wëllen d’ADR Deputéierten Detailer a stellen eng ganz Rei pertinent Froe mat Referenz op d’Wëssenschaft.

 

Deel dëse Post: