D’ADR fuerdert d’Demissioun vun der Regierung (VIDEO)

De Gast Gibéryen huet e Mëttwoch den 10. Juli an der Chamber Stellung geholl zum Rapport vun der Kommissioun d’Enquête iwwert de Service de Renseignement. En huet festgehalen, datt d’Spezialkommissioun keng einfach Missioun hat, dat d’Chamber sech awer senger Aufgab gestallt huet.
D’ADR hält fest, datt Lëtzebuerg e Geheimdéngscht brauch, dëst am Kampf géint den Terrorismus a fir d’Ofwieren vu Wirtschaftsspionage. Et drängen sech sech awer Reformen op, notamment wat d’Kontrollmechanismen iwwert de Service de Renseignement uginn.

Iwwert der Aarbecht vun der Spezialkommissioun sinn ëmmer nei Dysfunktionnementer opkomm. De Gast Gibéryen stellt d’Fro: „De Premierminister huet an der Chamber deklaréiert, hi géif déi politesch Responsabilitéit iwwerhuelen. Wat ass domatter gemengt? Verlaangt dat och perséinlech Konsequenzen? Am Ausland, z.B. an Däitschland, ass dat d’Normalitéit!“

Den ADR-Deputéierte wonnert sech iwwert d’Aussoe vun der CSV, déi behaapt de Premier hätt keng Schold, a misst also net demissionéieren.
De Gast Gibéryen léist d’Ausried net gëllen, de Staatsminister hätt net déi néideg Zäit gehat fir sech ëm de Geheimdéngscht ze këmmeren. „Wann dat géif stëmmen, wär dat schonns eleng Ursaach genuch fir ze demissionéieren“, seet den ADR-Deputéierten a fir weider: „De Staatsminister huet sech intensiv mam Geheimdéngscht beschäftegt a weess och genee wat do gelaf ass. Hien ass iwwert déi meeschten Dysfunktionnementer an d’Bild gesat ginn.“

De Gast Gibéryen zitéiert eng Réi Beispiller vun den Dysfunktionnementer, iwwert déi de Premier genee Bescheed wousst, an hält fest: „De Jean-Claude Juncker huet weder d’Kontrollkommissioun vun der Chamber nach de Parquet informéiert. Op CSV-Manéier sollt alles ënnert den Teppech gekiert ginn“.

Ier et zum Vote vun der Motioun koum huet de Premier Jean-Claude Juncker ugekënnegt, et géif dem Grand-Duc d’Demissioun vun der Regierung virschloen… „wëll d’LSAP ëm de Fouss gestallt huet“

D’ADR ass prett an d’Virbereedungen op d’Walen lafen schonns op Héichtouren.

Deel dëse Post: