D’ADR brécht eng Lanz fir d’Baueren!

An de Rieden zur Lag vun der Natioun vun de leschte Joren ass d’Landwirtschaft sou gutt wéi net thematiséiert ginn. Dëst ass an den Ae vum Jeff Engelen e ganz onglécklechen Ëmstand – eis Bauere sinn d’Ernärer vun der Natioun an doriwwer eraus essentiell fir d’Natur- a Landschaftsgestaltung vun eisem Land. Vill jonk Bauere sinn onsécher, ob si den elterleche Betrib iwwerhaapt nach iwwerhuele sollen, hire Beruffsstand bréngt vill Onsécherheete mat sech. Den Nord -Deputéierte mécht a senger Interventioun vum 9. Oktober däitlech, datt de Beruffsstand vum Bauer eng wesentlech Roll an der Politik vun der ADR spillt an och an Zukunft spille wäert.

Den Engagement vun der Regierung fir d’Lëtzebuerger Sprooch war soss näischt, wéi eng “Mogelpackung”, esou de Jeff Engelen. Walverspriechen am Hibléck op eis Sprooch ware no de Wale séier vergiess – an dobäi ass eis Sprooch dach esou wichtegt fir e friddlecht Zesummeliewen am Land: Si ass den Haaptfaktor fir eng gelengend Integratioun – eng gemeinsam Sprooch ass de Kärfaktor fir eng richteg Integratioun, wat jo grad zu Lëtzebuerg, mat senge ville verschiddenen Nationalitéiten a Kulturen, essentiell ass.

 

Deel dëse Post: