D’ADR ass weiderhi géint d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen !

D’ADR bleift weiderhin der Meenung, datt e Bierger muss d’Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, fir dat aktiivt a passiivt Walrecht bei de Chamberwalen ze kréien. Zënter dem Aféiere vun der duebler Nationalitéit hunn d’Auslänner d’Méiglechkeet, fir sech zum Land, an deem se wunnen, ze bekennen an deementspriechend och déiselwecht politesch Rechter ze genéisse wéi d’Lëtzebuerger, an dat ouni op hiren urspréngleche Pass ze verzichten. D’ADR weist op déi sëllech Demokratiedefiziter hin, déi vun den anere Parteien ignoréiert ginn, wéi d’Benodeelegung vun de Wieler an de Bezierker Osten an Norden, eng ongerecht Zesummesetzung vum Staatsrot oder d’Verletze vum Subsidiaritéitsprinzip um europäeschen Niveau.

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt sech an deene leschten Deeg zwee sozialistesch Regierungsmembere fir d’Auslännerwalrecht bei de Chamberwalen ausgeschwat hunn. Als Haaptargument gëtt ëmmer nees den Demokratiedefizit ernimmt: bal d’Halschent vun der Bevëlkerung wier vun deene Walen ausgeschloss. D’ADR kann dës Argumentatioun net novollzéien. Zënter der Reform vum Nationalitéitegesetz, déi viru véier Joer a Kraaft getrueden ass, hunn d’Auslänner d’Méiglechket fir Lëtzebuerger ze ginn an deementspriechend och all politesch Rechter ze genéissen ouni op hiren urspréngleche Pass ze verzichten.

D’Deputéierten huele wichteg Decisiounen, déi d’Souveränitéit vu Lëtzebuerg betreffen. Dowéinst ass d’ADR der Meenung, datt et wichteg ass sech zu engem Land ze bekennen, ier een d’Méiglechkeet kritt fir iwwert d’Zukunft vun deem Land ze bestëmmen.

D’ADR weist op déi sëllech Demokratiedefiziter hin, déi vun den anere Parteien ignoréiert ginn: d’Wieler an de Bezierker Osten an Norden gi mam aktuelle Walsystem benodeelegt, d’Zesummesetzung vum Staatsrot spigelt bei wäitem net déi vun der Chamber erëm, d’Bierger hunn nach ëmmer keen direkten Zougang zum Verfassungsgeriicht an et gëtt net dacks genuch op d’Méiglechkeet vum Referendum zréckgegraff. Um europäeschen Niveau gëtt de Prinzip vun der Subsidiaritéit net ëmmer respektéiert an déi national Parlamenter verléieren ëmmer méi Rechter zugonschte vun der Europäescher Commissioun an dem Conseil.

D’ADR steet zu hirer Positioun, déi se scho méi laang vertrëtt. Dëst kann een net onbedéngt vun hire politesche Géigner, a vrun allem vun der CSV, behaapten. Fir d’ADR gëtt et also ee Grond méi fir sech op d’Verfassungsreform ze freeën: all d’Parteie mussen dann endlech Faarf bekennen!

Deel dëse Post: