CSV-Plagiat beim Burka-Verbuet

En Dënschdeg, den 1. Dezember 2015, huet de Gast Gibéryen an der Chamber zur Recevabilitéit vum CSV-Gesetzesvirschlag iwwert de Verbuet vun der Burka geschwat.

Lang virun der Flüchtlingskris hat d’ADR e Gesetzvirschlag an der Chamber deponéiert, fir e Vermmungsverbuet hei am Land generell ze verbidden. D’CSV mécht awer ewéi, wann et déi “Proposition de loi” vum Fernand Kartheiser net géif ginn! Sinn hunn de Virschlag vun der ADR ganz einfach geknäipt! Dee zwee Texter, och wann d’Sätz vun der CSV e bësse verdréint sinn, benotzen identesch Wierder!

Dëst ass e schlechte Stil, e Manktem vu Respekt a, wéi de Gast Gibéryen a senger Konklusioun festhält, „Populismus um héchstem Niveau“.

Deel dëse Post: