CSV, LSAP an DP: Bedruch (!) um Wieler

An de Walprogrammer vu ville Parteie fir d’Legislativwale vun 2018 war de Wieler zougeséchert ginn, datt am Kader vun der Verfassungsreform eng ëffentlech Consultatioun sollt ofgehale ginn an datt den zweete konstitutionelle Vott an der Chamber géing duerch e Referendum ersat ginn.

Sou heescht et z.B. an de Walprogrammer vun der CSV, der DP an der LSAP:

  • CSV:„Vor dem ersten verfassungsrechtlichen Votum wird der Verfassungstext in regionalen Dikussionsrunden mit den Bürgern erörtert und durchdiskutiert. Sollten sich wichtige Erkenntnisse für den Verfassungstext ergeben, werden diese ihren Niederschlag im Verassungstext finden. Erst dann wird die Abgeordnetenkammer das erste verfassungsrechtliche Votum in Angriff nehmen. Dieser Text wird danach den Bürgern in einer Volksbefragung (Referendum) vorgelegt und wird das zweite verfassungsrechtliche Votum ersetzen. Bei positivem Ausgang erhält das Land während der nächsten Legislaturperiode eine neue Verfassung.“

 

  • LSAP:„Die LSAP wird prinzipiell am neuen Verfassungstext festhalten und sich im Parlamentim Rahmen der ersten Lesung für das neue vorgeschlagene Grundgesetz aussprechen. Anstelle einer zweiten Lesung soll der neue Verfassungstext allen stimmberechtigten  Bürgern anschließend nach breiter öffentlicher Diskussion zur Abstimmung per Referendum vorgelegt werden, damit er späadrens Ende 2020 in Kraft treten kann. Die LSAP setzt sich weiter dafür ein, das Primat des Allgemeinwohls über Privatinteressen durch die Formel „Eigentum verpflichtet“ in unserem Grundgesetz zu verankern.“ 

 

  • DP: Über ein Jahrzehnt wurde im Parlament an einer Verfassungsrevision gearbeitet. In derlaufenden Legislaturperiode konnten die Arbeiten am neuen Verfassungstext beendet werden.Die vier größten im Parlament vertretenen Parteien tragen diesen Text mit und haben sich fürein Referendum während der nächsten Legislaturperiode ausgesprochen. Da die Verfassungdie eigentliche Rechtsgrundlage unseres Landes ist, muss im Vorfeld das Referendum mitweitgehendster und objektiver Information sowie mit weitmöglichster Bürgerbeteiligung begleitet werden.“ 

Och d’ADR huet dëst Verspriechen an hire Walprogramm geschriwwen:

  • ADR: “D’Lëtzebuerger Chamber schafft zënter 2009 un enger „neier Verfassung“ an huet schonn dausende vu Säite produzéiert. De Rapport gouf an der Kommissioun ofgestëmmt awer net an der Plenière debattéiert an och net an engem éischte Vott ofgestëmmt. D’Verfassung ass dem Land säi wichtegste legislativen Text, well e fir d’Stabilitéit vun den Institutioune suergt an de Bierger virun der Willkür vum Staat schützt. Sollt an der Chamber eng Majoritéit vun Zweedrëttel dofir sinn, datt déi nei Verfassung a Kraaft triede soll, verlaangt d’ADR en nationale Referendum, fir dëst vum Vollek ratifizéieren ze loossen. Dobäi soll de Bierger net nëmmen iwwert de Gesamttext kënnen ofstëmmen, mee och iwwert eenzel Artikelen a Kapitelen.”

D’ADR muss awer mat Bedauere feststellen, datt an där zoustänneger Institutiounekommissioun vun der Chamber keng vun den anere Parteien (also CSV, DP, LSAP) nach vun der Organisatioun vun engem Referendum schwätzt. Dowéinst huet d’ADR haut eng Resolutioun an der Chamber deponéiert, an där  si fuerdert, datt esou séier wéi méiglech eng breet ëffentlech Debatt iwwert all Propositioun zur Ofännerung vun der Verfassung soll organiséiert ginn. D’Resultater vun deene breede Consultatioune sollen an d’Aarbechten iwwer eng Verfassungsreform mat afléissen. Den zweete konstitutionelle Vott iwwert all Revisiounspropositioune fir d’Verfassung, déi sech an eng méi global Verfassungsrevisioun aschreiwen, soll duerch e Referendum ersat ginn.

Leider gouf déi Resolutioun mat de Stëmme vun der CSV, der LSAP, der DP an och deene Grénge verworf. Fir d’ADR steet also fest: Dës Parteie wëllen eng Verfassungsännerung hannert dem Réck vun de Wieler duerchsetzen a briechen domat hiert Walversprieche vun 2018.

D’ADR bekennt sech dogéint zum Prinzip vum Referendum, ganz allgemeng, awer speziell och am Kader vun där geplangter Verfassungsrevisioun!

Deel dëse Post: