Crèche zu Maarnech: Wie konnt dat autoriséieren?

Am Mäerz 2019 huet zu Maarnech eng Crèche hir Dieren opgemaach, déi 66 Kanner betreie kann. Wann ee mam Auto laanscht dës Crèche fiert, kann een sech nëmme wonneren a froen, wien dës Crèche autoriséiert huet: Wann d’Kanner dobausse spillen, si si komplett ongeschützt virun de Wiederverhältnisser, ob et reent, schneit oder de Summer hinnen – ouni d’Méiglechkeet an de Schied ze goen (!) – d’Sonn op de Kapp dréckt. Eng Gréngplaz mat Spillméiglechkeete sicht een ëmsoss – eng Betonswüst mat engem Zonk ronderëm, deen d’Kanner op wéinege Meter vun der villbefuerener Strooss ewechhält a si zudeem dem Kaméidi vum Verkéier direkt aussetzt. Als ADR Norden si mir der Meenung, datt eis Kanner eppes Besseres verdéngt hunn. D’Fro bleift also, wéi een dës Crèche konnt autoriséieren a firwat een – besonnesch an enger méi ländlecher Gemeng wéi Cliärref – net no engem alternativer Standuert gesicht huet, deen dem Wuel vun de Kanner Rechnung dréit.

Pressematdeelung vun der ADR Norde vum 22. Juli 2019

Deel dëse Post: