CR118 an CR356 – Baustelle mat Hindernis

De Schäfferot vun der Gemeng Waldbëlleg gouf kuerzfristeg doriwwer informéiert, datt den CR118 als eng vun den Haaptachsen aus hirer Uertschaft Chrëschtnech raus, vum 22. Januar bis den 29. Februar komplett gespaart gëtt. Déi éischt Ausweechstrooss, den CR356 bleift wéinst enger Baustell, déi net zur Zäit fäerdeg gëtt, allerdéngs och weiderhin zou. Rettungsdéngschter, Leit déi schaffe fueren an och Schoulbusser bleift näischt anescht iwwereg, wéi riseg Ëmweeër ze fueren an ze hoffen, datt op mannst dëse Projet am Delai fäerdeg gëtt. Dobäi hunn déi Gemengeresponsabel selwer eng Propose gemaach fir genee dee Probleem ze vermeiden, déi awer vu Säite vu Ponts et Chaussées kee Suivi krut.

Deel dëse Post: