COVID: Wee zréck an d’Normalitéit verlaangt!

De Jeff Engelen stellt sech d’Fro wéi laang d‘Corona-Moossnamen nach hei zu Lëtzebuerg solle gëllen an a wéi enger Form? Gouf net am Ufank vun der Kris gesot, datt wa mir en Impftaux vu 70% erreecht hätten, datt mir dann eng sougenannten „Herdenimmunitéit“ hätten  an domat zréck an d’Normalitéit kéinte goen? Wat d’ADR mat Sécherheet net wëll ass e „politesche Long-Covid“: Keng Aschränkunge vun de Grondrechter wéinst där Krankheet! Mir stäipen eis och weider dogéint, datt eis verfassungsméisseg garantéiert Fräiheeten a Grondrechter weider ageschränkt bleiwen. Och dëst Gesetz verletzt déi Fräiheeten, dowéinst soe mir NEE! D’ADR wëll kee COVID-Check bei de Privatleit, bei deenen aner Privatleit mussen hire Gesondheetszoustand iwwerpréiwen. Mir hunn elo iwwer 70% Geimpfter an dat heescht, datt mir eng Herdenimmunitéit erreecht hunn an dowéinst musse mir elo dru goen fir déi Restriktioune séier ofzeschafen! Mir fuerderen, datt d’Regierung e Post-Covid-Plang virleet. D’Corona-Mesuren waren souzesoen eng Noutléisung, mat deene mir nëmmen zum Deel d’Accord waren, awer elo wëlle mir wëssen, wéi d’Regierung sech de Wee zréck an d’Normalitéit virstellt! Mir wëllen och wëssen wéini d’Maskeflicht fält, z.B. an de Geschäfter, oder och wéini mam Covid-Check opgehale gëtt. Mir hätte gär e geneeën Zäitplang mat präzise Critère vun der Regierung an dat fuerdere mir iwwer eng deementspriechend Motioun. Fir d’ADR däerf  et och keng Impfflicht ginn a keen Drock op déi Leit ausgeüübt ginn déi, aus wéi enge Grënn och ëmmer, sech decidéieren net wëlle geimpft ze ginn. Dat ass hiert Recht a mir respektéieren dat! Mir refuséieren dowéinst och déi Iddi fir Tester, déi de Staat de Leit jo opzwéngt,  net méi iwwer Steiergelder ze finanzéieren!

Deel dëse Post: