Covid-Reegelen: Denonciatioun wéinst Infraktiounen?

Op enger Pressekonferenz iwwer d’Kontroll vun den neie COVID-Moossnamen, den 29. Oktober 2020, huet en héije Policeoffizéier, no Aussoe vun der Press, d’Leit opgefuerdert “Behuelen ze mellen, dat géint d’COVID-Reegele géing verstoussen”.  Lo si Verstéiss géint déi Reegelen awer rechtlech gesinn nëmmen Infraktiounen a keng penal Faiten! Dowéinst an och aus méi allgemengen Iwwerleeungen eraus, muss een sech froen, ob staatlech Organer sollen en aktiven  Opruff zur Denonciatioun vun Infraktioune lancéieren, oder ob dat net sollt der perséinlecher Appreciatioun vun de Bierger iwwerlooss bleiwen. Hei muss een sech froen ob d’Regierung sech bewosst ass datt déi Infraktiounen déi hei sollen denoncéiert ginn an déi Aschnëtter an d’Grondrechter vun de Bierger sinn, wéi z.B. wann een nuets eleng spadséiere geet oder fënnef Leit bei sech doheem op Besuch huet. Dobäi ass et jo och nach esou datt déi Infraktiounen, géint d’Stëmme vun allen Oppositiounsparteien, mat enger knapper Majoritéit, ugeholl gi sinn! Da stellt sech och nach d’Fro ob d’Regierung den Opruff zur Denonciatioun vun Infraktiounen géint d’Covid-Reglementer aktiv ënnerstetzt. Weider steet d’Gefor am Raum datt Lëtzebuerg sech doduercher un esou eng Onkultur vun der Denonciatioun gewinne kéint! D’Regierung schéngt dann och iwwer esou Opriff e Vertrauensverloscht vun de Bierger an d’Police a Kaf ze huelen.  

 

Deel dëse Post: