COVID-Politik: D’ADR setzt sech duerch!

Schonn am Februar hat d’ADR fir den 1. Mäerz den “Dag vun der Fräiheet” mat dem Enn vu sämtleche COVID-Repressioune gefuerdert. D’Regierung hat dës Fuerderung ofgeleent, muss awer lo agesinn, datt d’ADR Recht hat a wëll sech no eng éischter Ukënnegung op mannst staark an eis Richtung beweegen. D’ADR begréisst dës Asiicht an enger éischter Reaktioun a wäert déi entspriechend Gesetzestexter genee analyséieren.

Deel dëse Post: