COVID-Informatiounspolitik-Niewewierkungen

Hei fannt Dir déi Parlamentaresch Fro vun der Honorabel Députéiert Alexandra Schoos.

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister a sozial Sécherheet weiderzeleeden.

An der Pressekonferenz vum 1. September 2021 huet d’Regierung deklaréiert, dass d’Impfung dat bescht Mëttel ass fir eis Matmënschen ze schützen. Et ass gesot ginn, dass eng Impfung net nëmmen zum Eegeschutz, mee och Friemschutz gutt ass. Dëst huet en immense politeschen an emotionalen Drock (Solidaritéit) op d’Bevëlkerung ausgeüübt fir sech impfen ze loossen. Mir wëssen, dass d’Pharmaindustrie d’Tester fir déi sougenannten „transmission control“ guer net duerchgeféiert huet, an d’Impfstoffer och ausschliisslech eng Autorisatioun am Kontext vun der „personal protection“, dem sougenannten Eegeschutz, haten (cf. Bréif vum 18. Oktober 2023 vun der EMA un d’EU-Parlament). D’Impfstoffer waren also zu kengem Zäitpunkt fir den epidemiologesche Schutz zougelooss an e Grond fir grouss Impfcampagnë vu gesonde Mënsche gouf et net. Et ass och seele vun Niewewierkunge geschwat ginn op de Pressekonferenzen. Hei wësse mir och mëttlerweil, dass et zu Impf-Niewewierkunge komme kann (874 Resultater bei Pubmed mat der Sich „side effects of covid 19 vaccine“).

An dem Kontext wéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Wéi eng Konklusiounen zitt d’Madamm Ministesch fir déi zukünfteg Informatiounspolitik vun der Regierung an dem Zesummenhang?
    1. Wéi gëtt d’Transparenz vis-à-vis vum Bierger am Krisefall verbessert?
    2. Wéi gëtt eng besser Kontroll vu wëssenschaftleche Quelle gemaach?
    3. Sinn an dem Zesummenhang Prozeduren opgestallt gi fir eng zukünfteg Pandemie?
  1. Wéi erkläert d‘Regierung, dass si eng riseg Impfcampagne lancéiert huet, obwuel den epidemiologesche Schutz net getest gi war?

 

  1. Wéi erkläert d’Regierung eng Légitimiséierung vun deem psychologeschen Drock op d’Mënschen sech impfen ze loossen?

 

  1. Ginn et Statistiken oder Rapporten (fir Lëtzebuerg) iwwert d’Niewewierkunge vun der Impfung? Wa jo, wou sinn déi ze fannen? Wann nee, wéi ginn déi Donnéeën erhuewen zu Lëtzebuerg a wéi dono verschafft?

 

  1. Gëtt eng Indemnitéit consideréiert fir entstane gesondheetlech a wirtschaftlech Schied am Zesummenhang mat der Coronaimpfung? Wa jo, wéi soll déi ausgesinn? Wat sinn do d’Prozeduren? Wéi gëtt d’Héicht vun der Indemnitéit evaluéiert?

 

  1. Gëtt et ëmmer nach eng Impfflicht fir d’Coronaimpfung bei der Lëtzebuerger Arméi? Wa jo, a mat allem Wëssen dat mir haut hunn, muss déi Impfflicht net ofgeschaaft ginn?

 

Mat déiwem Respekt,

hei fannt Dir d’Äntwert vun der Gesondheetsministesch Madame Martine Deprez.

Deel dëse Post: