Covid-Impfung: Transparenz iwwer Niewewierkunge gefuerdert!

Dem leschte Rapport vun der Pharmacovigilance no, sinn hei zu Lëtzebuerg, zënter dem Ufank vun der Covid-19-Impf-Campagne am ganzen 11 Mënschen un de Suite vun der Impfung gestuerwen. Weider sinn e puer honnert méi schwéier Fäll vu Niewewierkunge registréiert ginn. Dovunner iwwer honnert Hospitalisatiounen, woubäi an 18 Fäll Liewensgefor bestoung. Och Komplicatiounen bei Fraen an aneren Emstänn goufe bekannt. Wéi reagéiert d’Santé op dee Rapport? Vu datt d’Regierung ëmmer méi groussen Drock op déi ongeimpfte Leit mécht, an et Schrëtt fir Schrëtt a Richtung Impfflicht geet, stellt sech ganz kloer d’Fro ob de Staat dann net och eng kloer Haftung fir méiglech Impfschied iwwerhuele misst.

Deel dëse Post: