Covid-Gesetz: ADR begréisst Lackerungen

27 mol hat den Här Rapporteur vum Covid-Gesetz schonn ugesat fir d’ADR ze iwwerzeegen e COVID-Gesetz mat ze stëmmen. Den 11. Mäerz ass et him endlech fir déi éischte Kéier gelongen. A senger Ried zitt den ADR-Deputéierte Jeff Engelen e Bilan vun der Covid-Situatioun vun de leschten zwee Joer, deen awer ze denke gëtt. Duerch d’Corona-Politik vun der Regierung ass vill onnéidege Schued entstanen. Eis verfassungsméisseg garantéiert Grondrechter hu gelidden an d’Regierung huet ganz Wirtschaftssecteuren, wéi den HORECA, ouni all sanitär Logik stuer widder d’Mauer gefuer. Et bleift ze hoffen, dat d’Regierung déi néideg Léieren aus hire Feeler zitt.

Deel dëse Post: