Covid: D’ADR freet eng onofhängeg Enquête-Kommissioun!

Pressematdeelung vum 28.Februar 2023

Vun 2020 un ass eist Land elo scho mat Covid-19 confrontéiert.  Haut nach refuséiert d’Regierung, anescht wéi aner westlech Regierungen, ewéi z.B. déi amerikanesch oder franséisch,  ze erklären, datt d’Pandemie eriwwer ass.  Déi Abberzuel vu Mesuren a Restriktiounen, déi an deene leschte Joren decidéiert goufen, haten en  enormen Impakt op eis ganz Gesellschaft, besonnesch och op de medezinesche Secteur, op d’Schoulen an eis Ekonomie. Eis Fräiheete goufen op vill verschidde Manéieren ageschränkt.

An der Ëffentlechkeet gëtt well ëmmer méi  iwwer d’Opportunitéit an d‘Verhältnesméissegkeet vun deene Moossnamen diskutéiert. D’ADR begréisst déi Entwécklung.

D’Regierung huet sech vun der OECD eng Gefällegkeetsetüd iwwer hir Covid-Gestioun maache gelooss, déi zum Zil hat, fir sech selwer kënnen ze gratuléieren. Déi Etüd,  déi zu engem groussen Deel vu Leit, déi eist Land kaum kennen, an och iwwer Videokonferenze gemaach gouf, ka beim beschte Wëllen net eescht geholl ginn.

Dowéinst verlaangt d’ADR, datt elo eng onofhängeg Enquête-Kommissioun agesat gëtt. Si freet sech, datt och z.B. d’Patientevertriedung déi Fuerderung stellt.  Dës Enquête-Kommissioun soll d’Moossnamen an hir Applikatioun iwwerpréiwen an och de Schued ënnersichen, deen duerch d’Covid-Politik vun der Regierung entstanen ass. D’ADR besteet dorop, datt och déi sanitär Moossnamen iwwerpréift ginn, inklusiv déi Protokoller, no deenen d‘Dokteren hu missen handelen. Och all statistesch Donnéeën, hir Veracitéit an hir Interpretatioun mussen iwwerpréift ginn. Dozou gehéiert och eng bewosst anxiogen (Des-)Informatiounspolitik mat villen Onkloerheeten, wéi z.B. „mat oder u Corona verstuerwen“.

Ganz wichteg ass, datt sech déi Enquête-Kommissioun mat de Limitatioune vun eise Fräiheete befaasst. Dozou gehéieren den Drock, fir sech impfen ze loossen,  de Confinement an d‘Ausgangsspär, d’Maskeflicht, d‘Aschränkunge vum Demonstratiounsrecht, an Ausgrenzungen, Stigmatiséierungen an Diskriminéierunge vun net geimpfte Mënschen. D’ADR erënnert och drun, datt, op hir Initiativ hin, d’Chamber d’Cour des Comptes mat enger Etüd iwwer verschidden Aspekter vun de PCR-Tester chargéiert huet.

D‘ADR verlaangt ausserdeem eng proaktiv Haltung vun der Regierung fir eng objektiv, transparent an éierlech Erfaassung a Behandlung vun den Impfschied.  Haut nach soen eis vill Dokteren, datt si, aus Angscht ëm hir berufflech Zukunft, net wëllen an der Ëffentlechkeet doriwwer schwätzen. Esou e Klima vun Ënnerdréckung ass fir d’ADR inakzeptabel.

 

Deel dëse Post: