COVID-Check: Nach méi Stress fir d’Gesondheetspersonal?

Vum 15. Januar u gëllt zu Lëtzebuerg e generelle COVID-Check op der Aarbechtsplaz. Op Leit, déi net géint dëse Virus geimpft an sech och net domat infizéiert hunn, well se d’ Hygiènesmoossnamen ëmmer strikt agehalen hunn, gëtt en nach ni gekannten Drock ausgeüübt. Begrënnung fir dësen erschreckenden Ausbau vum Kontrollstaat a Psychoterror? D’Gesonheetspersonal dierf net iwwerlaascht ginn. Just, déi Leit gi jo genausou gedirängelt, wéi och all déi aner Leit, déi schaffe ginn. Schaaft d’Madamm Gesondheetsminister sech eng selwer erfëllend Prophezeiung, fir duerno nach méi totalitär “Moossnamen” ze legitiméieren?

Deel dëse Post: