Covid-19: Onkloerheete bei den Hospitalisatiounszuelen

D’Hospitalisatiounszuelen am Kader vu Covid-19 ginn der Aktualitéit ëmmer nees ugepasst. Wann ee sech d’Opdeelung respektiv d’Kategorië vun dësen Zuelen am „Rapport journalier“ vun der Santé ukuckt, si verschidde Situatiounen duerch feelend Detailer net ganz kloer, wouduerch e Spillraum fir Spekulatiounen entsteet.

Fir Mëssverständnesser auszeschléissen huet de Jeff Engelen an deem Zesummenhang eng parlamentaresch Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht. Den ADR Deputéierte stellt hei eng Rei konkret Froen, fir kloerzestellen, wéi d’Hospitalisatiounszuelen erhuewe ginn a wat fir Krittären a Viraussetzungen hei spillen. Muss Covid-19 de Grond fir d’Hospitalisatioun sinn? Muss eng Persoun positiv geadr sinn oder muss si och Symptomer weisen? Dëst sinn e puer vun de Froen, déi den Deputéierte wëll gekläert hunn.

 

Deel dëse Post: