Covid-19: Gëtt Lëtzebuerger Populatioun duerchgetest?

An der Lëtzebuerger Press sinn an de leschten Deeg zum Deel erstaunlech Aussoen vun enger Rei Dokteren a Professere gemaach ginn. Zitat vum Professer Ollert am Lëtzebuerger Wort: Zil muss sinn fir déi nächst Méint di ganz Lëtzebuerger Populatioun duerchzetesten, dat fir datt jidereen eng Zort Immunitéits-Pass ka kréien! D’ADR freet sech ënnertaanerem ob effektiv scho geplangt gëtt, fir déi gesamt Populatioun ze testen an ob et dofir iwwerhapt eng rechtlech Grondlag gëtt.

De Jeff Engelen a Roy Reding hätte gär Kloerheet an dëser wichteger Fro. 

Deel dëse Post: