[BEÄNTWERT] Coûts de l’assistance judiciaire

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Justizminister weiderzeleeden.

D’Käschten, déi de Staat dréit fir Affekotefraisen am Kader vun der „assistance judiciaire“ ze droe sinn an de leschte Jore ganz staark geklommen. Mengen Informatiounen no ass dës Steigerung och drop zréckzeféieren, datt vill Persounen dës Hëllef an Usproch huelen an de Prozedure fir de Statut vum Réfugié ze kréien.

Dowéinst wéilt ech dem Här Justizminister dës Froe stëllen:

1)      Fir d’Joren 2008 bis 2012, wéi héich waren d’Montanten, déi ausbezuelt goufe fir Affekotefraisen ze decke wéinst Prozedure fir de Statut vum Réfugié ze kréien?

2)      Pro Joer, wéi e Prozentsaz stellen dës Montanten duer, zu de ganzen Ausgabe fir d’aide judiciaire?

3)      Hunn sech bestëmmten Etuden op dës Prozedure spezialiséiert an, wa jo, wéi vill Etuden deelen sech méi wéi 10% vun den Hëllefen, déi fir Prozeduren ëm de Statut vum Réfugié ausbezuelt ginn?

4)      Wou sinn d’Diskussiounen drun, déi de Justizministère mat de Vertrieder vum Barreau féiert, fir d’Käschte fir dës Hëllef an de Grëff ze kréien an d’Tariffer ze harmoniséieren?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Madame Octavie Modert, Ministre de la Justice

Deel dëse Post: