“Cours des Comptes”-Kritik un Terrainsverkeef gehéiert virun d’Chamber

D’Geschicht vun der griichescher Jugurthsfabrick zu Beetebuerg huet e Nospill. D'”Cour des Comptes” huet an engem Rapport d’Regierungspraxis kritiséiert, wéi, zum Beispill am Fall Fage zu Beetebuerg, Terraine verkaf gi sinn. Als Chef vum parlamentaresche Grupp vun der ADR freet den Deputéierte Fernand Kartheiser, datt déi zoustänneg Parlamentskommissiounen mat där Praxis befaassen. Dat wären d’Wirtschafts- an d’Finanzkommission (COFIBU) an déi Kommissioun déi d’Budgetsexekutioun (COMEXBU) kontrolléiert. Seng Fuerderung huet de Fernand Kartheiser an engem Bréif un de Chamberspresident formuléiert.

Deel dëse Post: